E Mëttwoch waren am Titel-Playoff zwou Partien: Käerjeng klappt Diddeleng doheem 30:25 an d'Red Boys ka sech um Enn ganz knapp mat 31:30 zu Esch behaapten.

Bierchem bleift virop an der Tabell, no der labberer Victoire um Dënschdeg den Owend géint Péiteng.

E Mëttwoch konnt sech Diddeleng nämlech net zu Käerjeng duerchsetzen, d'Haushäre wannen nämlech relativ kloer mat 30 op 25 - domat huet den Tabellevéierten den Tabellenzweete geklappt.

Aus der Titelcourse eraus dierft den HB Esch sinn. An engem ganz enke Match mussen déi Escher sech um Enn nämlech mat 3= op 31 géint d'Red Boys geschloe ginn.

Déi ganz Partie iwwer konnt sech keng Equipe ofsetzen, ma an der "Moneytime" waren déi Déifferdenger méi staark. An der Tabell stinn d'Red Boys op der 3., Esch op der 5. Plaz.

Kuerz viru Schluss huet zu Esch nach mussen de Buedem gefléckt ginn - e gouf "getaped".

RTL