Bei den Hären hat Käerjeng keng Problemer mat Péiteng an Diddeleng spillt gläich géint Esch. Bei den Dammen kenne sech Diddeleng an Dikrech duerchsetzen.

Hären

Bei den Hären gëtt an der Titelgrupp den HB Käerjeng senger Favoritteroll géint Péiteng gerecht a gewënnt mat 37:27. An der Paus war et schonn en Ofstand vu 7 Goaler tëscht deenen 2 Equippen. Bei Käerjeng war de Milasin Trivic mat 7 Goaler den Topscorer. Bei de Péitenger war et den David Gyafras dee mat 9 Goaler glänze konnt.

VIDEO: Red Boys a Bierchem trenne sech mat engem Remis
An enger iwwert dei ganz Partie ganz enker a spannender Partie trenne si sech mat 29:29.

Am Spëtzematch vum Spilldag gëtt et tëscht de Red Boys an dem HB Bierchem kee Gewënner. An enger iwwert dei ganz Partie ganz enker a spannender Partie trenne si sech mat 29:29. D'Bierchemer haten praktesch ëmmer e klengen Avantage vis-à-vis vun den Déifferdenger mee am Schluss vun der Partie konnten d'Red Boys mol eng kéier mat engem Goal Virsprong laanscht zéien mee de Bierchemer sollt awer nach den Ausgläich gelengen.

RTL

© Gilles Tricca

An och am Match tëscht dem HB Diddeleng an HB Esch gesinn d'Leit e Gläichspill. Déi zwou Equippen hu sech nämlech mat 25:25 getrennt. Bis 5 Minutte viru Schluss war Diddeleng mat 4 Goaler am Réckstand an et huet no enger Victoire fir Esch ausgesinn, mee Diddeleng huet gekämpft a koum esou nach zum Remis. Op der Diddelenger Säit war den Tommy Wirtz mat 11 Goaler dee beschte Spiller a bei Esch konnten de Christian Bock an den Alexandros Vasilakis mat jeeweils 9 Goaler iwwerzeegen.

VIDEO: Handball: Diddeleng spilt géint Bierchem 29:29 gläich
Bis 5 Minutte viru Schluss war Diddeleng mat 4 Goaler am Réckstand an et huet no enger Victoire fir Esch ausgesinn, mee Diddeleng koum zeréck.

Dammen

An der Titelgrupp bei den Dammen konnt sech am éischte Match vum Dag den HB Diddeleng ganz kloer mat 31:16 géint den HB Museldall duerchsetzen. An der Paus war dëse Match beim Stand vun 18:6 schonn entscheed a Spannung sollt ni entstoen. Am zweete Match ass et méi spannend zur Saach gaangen an den CHEV Dikrech ka sech mat 27:22 zu Schëffleng duerchsetzen. An der Paus stoung et 12:11 fir Dikrech mee no der Paus konnte si sech dann awer lues awer sécher ëmmer méi däitlech ofsetzen.