HB Esch a Käerjeng deelen 29:29

E Mëttwoch den Owend koum Esch doheem net iwwert een 29:29 géint Käerjeng eraus.
D'Ekipp vun Esch huet déi éischt Hallschent relativ konstant gespillt an huet och liicht dominéiert. Ëmmer erëm konnte si flott Attacke lafen, esou dass ee Käerjeng ëmmer viraus war. De gréisste Virsprong haten déi Escher beim Stand vun 11:7 no ronn 14 an hallwer Minutt. Doropshin huet de Käerjenger Trainer awer een Time-out gefrot, dee se Friichte gedroen huet, well Käerjeng konnt op 12:12 stellen. An de leschten 8 Minutte vun der éischter Hallschent huet Esch awer nees d'Kommando iwwerholl, esou dass si mat 2 Goler Virsprong beim Stand vu 17 zu 15 an d'Paus gaange sinn.
An der zweeter Hallschent war Käerjeng dunn awer méi Staark a si konnten och a Féierung goen. Nach 40 Sekonne viru Schluss hate si eng Avance vun 2 Goler, ma Käerjeng huet dës Féierung verspillt an de Vasilakis konnt an der leschter Sekonn ausgläiche fir Esch.