Am Handball spillt den HC Bierchem e Samschdeg vu 14.00 Auer un zu Athen den Allersmatch vun der Véierelsfinall am europäeschen Challenge Cup.

AUDIO: Virschau Bierchem-Athen / Reportage Serge Olmo

Et ass evident, datt et schwéier wäert ginn, ma de Lëtzebuerger Vertrieder deplacéiert sech awer net ouni Chancen a Griicheland.

Déi Réiserbänner si jo Tabelleleader am Lëtzebuerger Championnat an hate sech gefreet, wéi se gewuer goufen, datt si géint Athen géife spillen. Virun allem war hire Griich de Christo Tsatso ganz motivéiert an héich zefridden.

Mëttlerweil hu sech 2 wichteg Spiller vum HC Bierchem schro blesséiert, de Geoffroy Guillaume an eben de Christo Tsatso. Dat ass e richtege Problem, well déi 2 eng grouss Roll an der Ekipp spillen. Virun allem deet dat dem Christo Tsatso wéi, well hien net géint seng Landsleit untriede kann.

Reng sportlech gesinn, wëssen déi Réiserbänner natierlech zimlech präzis op wéi ee Géigner si wäerte stoussen. Unhand vu Videomaterial  konnt ee sech op de Géigner astellen a sou weess een datt dëse staark ass, se grouss Spiller an hire Reien hunn. Verstoppe wëlle de Veräin sech aus Lëtzebuerg awer net, sou de Björn Gerber vun de Bierchemer.

Onofhängeg vun der Schwieregkeet vun der Aufgab wäert no de leschten intensive Wochen den Deplacement un d’Substanz goen. Beim leschte Match am Championnat huet een dat bei deene Bierchemer schonn ugefaangen ze mierken, sou de Cedric Stein. Et wäert een e Samschdeg nawell alles drusetzen fir de Match ze gewannen.

Wann d’Resultat e Samschdeg am Allersmatch acceptabel ass, dann ass fir de Retourmatch den Optimismus richteg grouss.