Käerjeng gewënnt no staarker 2. Hallschent géint Déifferdeng
Am Handballchampionnat war e Freideg den Optakt vum 6. Spilldag am Titelgrupp. Käerjeng huet mat 35:29 géint d'Red Boys gewonnen ass den neie Leader.
Am Lëtzebuerger Handballchampionnat ass d'Course ëm den Titel dës Saison ganz spannend. E Freideg den Owend stounge sech mat Käerjeng an de Red Boys zwou Ekippe géigeniwwer, déi virum Match punktgläich an der Tabell waren. Déi Käerjenger hu sech duerch eng gutt zweet Hallschent d'Victoire geséchert. Si gewanne mat 35:29 géint Déifferdeng an iwwerhuele mat 18,5 Punkten d'Spëtzt an der provisorescher Tabell. Op der zweeter Plaz steet Bierchem mat 17,5 Punkten. Si hunn allerdéngs ee Match manner um Kont. Déi Drëtt sinn d'Red Boys mat 16,5 Punkten.
An der éischter Hallschent hunn d'Red Boys e Freideg den Owend eng excellent Verteidegung gespillt a waren der Lokalformatioun iwwerleeën. No 21 Minutte loungen d'Gäscht mat 14:10 a Féierung. Eréischt kuerz virun der Paus ass et deene Käerjenger gelongen, de Réckstand ze verkierzen, sou datt et mat 16:17 aus Siicht vun der Heemekipp an d'Kabinn gaangen ass.
No der Paus ass et an den éischte Minutten eng enk Partie bliwwen. No 37 Minutte konnt Käerjeng op 19:19 ausgläichen, fir duerno duerch e Gol vum Milicevic mat 20:19 d'Féierung ze iwwerhuelen. Der Lokalekipp ass et duerno gelongen sech ofzesetzen. D'Red-Boys hunn nämlech keng Léisunge méi am Ugrëff fonnt a well och Defense mat sengem Keeper Jokanovic net de beschten Dag erwëscht hat loung Käerjeng no 46 Minutten eng éischter mat 4 Goler am Avantage. D'Red Boys konnten de Réckstand tëschenduerch ëmmer nees op 1 Gol reduzéieren, ma Käerjeng huet opgepasst an huet en Ausgläich net zougelooss. De Red Boys sinn ëmmer méi Feeler ënnerlaf an d'Spill vun der Ekipp huet guer net méi fonctionnéiert, sou datt Käerjeng um Enn däitlech mat 35:29 gewënnt. De Radojevic huet fir déi Käerjenger 11 Mol getraff.
E Samschdeg den Owend ass et am Championnat nach d'Partie Péiteng géint Diddeleng. Bierchem spillt de Weekend net. Si sinn am Challenge Cup am Asaz, sou datt de Match géint Esch méi spéit gespillt gëtt.