Am Allermatch vun der Véirelsfinall am europäeschen Challenge Cup verléiert Bierchem mat 25:32 géint AEK Athen.

An der Ufanksphas hunn déi Réiserbänner immens nervös gewierkt an hu vill Feeler gemaach vun deenen d'Griiche profitéiert hunn, fir déi Bierchemer auszekonteren. Schonn no 12 Minutte war Athen 6 Goler vir bei 8:2. De Goalkeeper Liszkai vum Lëtzebuerger Vertrieder huet do ugefaangen, besser ze halen an d'Feeler hu sech a Grenze gehalen. D'Parti war du méi equilibréiert, deels war Bierchem och liicht iwwerleeën. Athen loung an der Paus nach mat 17:13 géint Bierchem am Avantage.

De 4 Goler Ecart no 30 Minutten ass net esou schlecht bedenkt een, datt mat Geoffroy Guillaume an dem Griich Christo Tsatso 2 ganz wichteg Spiller feelen.

Déi Bierchemer koumen awer net gutt aus der Kabinn an de Réckstand huet sech direkt vergréissert. No 45 Minutten war et nämlech e Réckstand vun 8 Goaler deen et ze verdaue gouf. An de Minutten dono ass de Réckstand net méi weider gewuess mee de Golkipp vun den Athener huet e puer gutt Parade gewisen an esou war et och net méiglech méi no erunzekommen.

Schlussendlech verléiert Bierchem mat 25:32. Am Retourmatch nächste Weekend zu Krautem gëtt et fir Bierchem dann eng ganz schwéier Aufgab ze léisen.