Ausserdeem gewënnt de Museldall géint Miersch bei den Hären a bei den Dammen kënnen de Museldall an Dikrech hir Matcher gewannen.

Hären

An der Titelgrupp ka sech den HB Diddeleng mat 31:26 zu Peiteng behaapten. D'Ekipp vu Peiteng huet awer gutt dogéint gehalen n huet den Ofstand ni méi grouss wéi 5 Goler gi gelooss. Beschte Buteur bei den Diddelenger war den Tommy Wirtz mat staarken 9 Goaler.

An der Relegatioun bei den Hären gewënnt de Museldall däitlech mat 25:17 géint Miersch. Domadder iwwerhëlt de Museldall Miersch an der Tabell.

Dammen

An der Titelgrupp bei den Dammen ka sech éischte Match vum Dag Diekrech ganz däitlech 24:15 géint de Museldall duerchsetzen. Bis zur Halschent konnt d'Heemequipe vum Museldall nach ganz gutt mathalen a war just mat 2 Goler am Réckstand mee no der Paus huet Dikrech e Gang méi héich gestallt an dem Géigner keng Chance méi gelooss.

Dann huet och nach Schëffleng doheem géint Käerjeng gespillt an hei gewannen d'Gäscht an engem Match ouni vill Goaler knapps mat 18:16. Schëffleng bleift domadder ofgeschloen Tabelleleschten an der Titelgrupp a Käerjeng bleift weiderhin zweeten.