U17-Ekipp vum HBD moosst sech mat internationaler Konkurrenz

Fir déi 32. Kéier gëtt um Ouschterweekend de Youth Cup vum HB Diddeleng organiséiert. Dëst Joer sinn 10 Ekippen aus 10 Länner mat dobäi.
D'Ekipp vum HB Diddeleng war zejoert op déi gutt 4. Plaz komm. Gewonnen haten d’Fivers Margareten aus Éisträich, déi nees mat dobäi sinn an eng wichteg Roll wäerte spillen. Si sinn an der Poule A genee wéi den HB Diddeleng.
Wéi och zejoert trainéiert den Heng Mauruschatt déi jonk Diddelenger. De fréieren Nationalgolkipper, Nationaltrainer an aktuellen Dammentrainer beim HB Diddeleng huet keng konkret Ambitioune fir dëse Youth Cup. Fir den Heng Mauruschatt geet et haaptsächlech drëm, datt d'Ekipp vum HBD zesummewiisst an alles gëtt.
Fir all déi Joren ëmmer nees esou e groussen Tournoi ze organiséieren a Sponsoren ze sichen ass net evident. De President vum Organisatiounscomité vum Youth Cup, Lynn Spielmann, ass dann och ëmmer ganz zefridde wann hie ka soen, datt den Tournoi steet, a virun allem wa nees e neit Land beim Youth Cup matmëscht. Dëst Joer ass et Finnland wat domadder dat 23. Land ass wat participéiert.
Déi 10 Ekippen an de Staff mussen den Ouschterweekend natierlech een Ënnerdaach hunn an d’Verfleegung ass natierlech fir déi jonk Sportler och ganz wichteg. Wat ass de Plang?
Zejoert gouf et eng Neierung. D'Matcher konnt een am Livestream kucken. Bei dëser Editioun sollen och Interviewe mat de jonken Nowuesssportler gemaach ginn.
Domadder kënnen déi Jonk aus de 4 Ecke vun Europa vu Frënn a Famill suivéiert ginn.
Nieft dem reng sportlechen ass d’Atmosphäre um Youth Cup ëmmer ganz besonnesch. Wéi all Joer ginn sech vill Leit erwaart, haaptsächlech fir d’Finall e Sonndeg um 18.15 Auer. E Samschdeg kuerz no 9 Auer fänkt den Tournoi un.