E Samschdeg ass Bierchem am Retourmatch vun de Véierelsfinalle vum Handball Challenge Cup géint Athen gefuerdert. Den Allermatch hat een 25:32 verluer.

Am nationalen Handball  gëtt um Ouschterweekend kee Championnat gespillt. Eenzeg Bierchem ass am Asaz an dat am europäeschen  Challenge Cup. D'Aufgab vun de Lëtzebuerger am Retourmatch géint Athen ass alles anescht wéi einfach.

AUDIO: Virschau Challenge Cup Bierchem / Reportage Gilles Tricca

Virun enger Woch gouf et am Allermatch eng 25:32 Néierlag fir d’Equipe aus dem Réiserbann. Realistesch gekuckt,  sinn d’Chancen op eng Qualifikatioun fir d'Halleffinallen elo nach minimal.

Zu Athen hat d’Ekipp vum Nationalkeeper Steve Moreira d’Ufanksphas verschlof an esou war et schwéier, e positiivt Resultat ze maachen. Déi Bierchemer waren net nëmme vum Géigner, mee och vun der Atmosphär impressionéiert.

E Samschdeg soll awer en Exploit dra sinn, mengt de Steve Moreira. D’Preparatioun ass ganz Woch op Héichtoure gelaf. D'Devise ass och kloer. Vun Ufank u muss d'Ekipp vun de Bierchemer voll do sinn an dann nach, muss een op een Exploit hoffen, fir datt een d'Defaite aus dem Allermatch nach eng Kéier kann dréinen, sou de Steve Moreira.

2 wichteg Spiller wäerten och am Retourmatch net derbäi sinn. Tsatso a Guillaume si jo out fir de Rescht vun der Saison, esou mussen déi jonk wéi Pietrasik oder Lé Biel d'Verantwortung iwwerhuelen.

Net nëmmen d’Spiller sinn e Samschdeg den Owend gefuerdert, mee och de Public kann och de Réiserbänner eng wäertvoll Hëllef sinn

Ustouss ass e Samschdeg den Owend um 20 Auer. Dir kënnt d'Partie live um Radio an am Livestream op RTL.lu suivéieren.