Am Handball-Challenge-Cup hat Bierchem och am Retourmatch vun de 1/4-Finallen géint Athen absolut keng Chance a verléiert mat 18:32.

An de Véirelsfinalle vum Handball-Challenge-Cup hat Bierchem keng Chance géint Athen. No der 25:32-Néierlag a Griichenland ass et e Samschdeg den Owend am Retourmatch virun den eegene Supporter net besser gelaf.

Athen war an alle Beräicher besser an déi Bierchemer hu keng Léisunge fonnt. No 23 Minutte loung ee scho mat 5 Goler hannen, bis d'Paus ass de Réckstand weider an d'Luucht gaangen an d'Ekipp vum André Gulbicki loung mat 8:15 am Réckstand.

Och no der Paus konnt Bierchem Athen näischt entgéintsetzen, sou datt et no 37 Minutten 21:11 fir d'Gäscht stoung. Och duerno hunn déi Bierchemer kee Fouss op de Buedem kritt. No 44 Minutte war de Réckstand op 11 Punkten ugewuess. Bierchem ass et einfach net gelongen de Réckstand ze verkierzen, sou datt et um Enn eng batter 18:32-Néierlag fir déi Bierchemer géint Athen gëtt.

Fir Bierchem ass domadder an der Véirelsfinall vum Challenge Cup Schluss.