Nikola Malesevic gëtt neien Hären-Nationaltrainer

© pressphoto (Archiv)
Déi Lëtzebuerger Handballfederatioun huet um Samschdeg matgedeelt, datt den Nikola Malesevic de Maik Handschke als Nationaltrainer ersetzt.
De Nikola Malesevic behält nieft der Funktioun als Handball-Nationaltrainer awer seng Funktioun als Trainer bei den Häre vum HB Diddeleng.
De Maik Handschke bleift techneschen Direkter vun der Federatioun.
Neien Dammennationaltrainer gëtt den Adrian Stot, dee sengersäits den Nikola Malesevic op deem Posten ersetzt.
Donieft gouf och annoncéiert, datt de fréiere Profi Dan Ley neien Athletik-Trainer bei der Federatioun gëtt.
De Supercup als Optakt vun der Saison ass fir de 25. August programméiert, mat an engems dem "Season Opening", wou d’Ekippen och presentéiert ginn. Op der Pressekonferenz gouf och de Final4 am Detail virgestallt. Eng Neierung ass, datt et vun elo e «Wanderpokal» wäert ginn fir d’Champione bei den Dammen an den Hären.
D’FLH huet dann och nach matgedeelt, datt si hir Kandidatur gestallt huet, fir de 15. EHF Kongress z’organiséieren, wahrscheinlech am November 2020.