Domatter sinn déi Diddelenger déi 4. ginn an hirem Grupp. Um Sonndeg gi beim Youth Cup d’Klassementsmatcher an d’Finalle gespillt.

Zanter 32 Joer gëtt um Ouschterweekend zu Diddeleng de Youth Cup am Handball organiséiert. 10 Ekippe bei den U17-Jongen a 4 bei de Meedercher kämpfen net nëmmen ëm den Titel vum Tournoi, mee sammelen och wichteg Erfahrunge fir hir spéider Karriär. An de leschten 3 Joerzéngte krut net nëmmen den Diddelenger Nowuess Matchpraxis um héchsten Niveau, mee ass donieft och géint Spiller ugetrueden, déi dono a ganz groussen europäeschen Ekippe gespillt hunn.

2018 war nees eng U17-Ekipp vum HBD mat dobäi. Diddeleng huet am Turnéier säin éischte Match gläich onglécklech verluer, dat géint eng Ekipp aus Finnland. Kloer dass dat op d’Gemidd geschloen huet. Dem HBD ass et duerno awer gelongen eng Partie ze gewannen och wann nach 2 weider Defaiten dobäi komm sinn.

E Sonndeg gi beim Youth Cup nach d'Klassementsmatcher an d'Finalle gespillt. Hei kënnen dann och nach eng Kéier déi Diddelenger hir Kënnen ënner Beweis stellen. An egal wéi et um Enn ausgeet, de Youth Cup ass virun allem do, fir ze léieren: do muss ee seng Hänn, seng Been, säi Kierper a säi Kapp managen. Duerno weess ee wou een nach muss eng Schëpp uleeën.