Youth Cup
Ekipp vu Wien gewënnt, Diddelenger kommen op déi 6. Plaz

Beim 32. Youthcup, dem internationalen U-17 Tournoi vum HB Diddeleng, haten di jonk Spiller vum HBD E Samschdeg eng Partie gewonnen an 3 verluer.
De Sonndeg de Moie gouf et eng 19:18-Victoire géint Lavovi aus Serbien.
De Sonndeg de Mëtteg hunn déi Diddelenger am Match ëm d'Plaz 5 géint Bevo aus Holland de Kierzere gezunn.
Genee wéi d'lescht Joer hunn d'Éisträicher vu Wien d'Finall gewonnen. Bei dëser Editioun mat 16 op 14 géint Grankulla aus Finnland.
10 Ekippen aus 10 Länner waren dobäi.
Am meeschte gelies