Duerch e Gol a leschter Sekonne konnt sech Esch mat 31:30 bei de Red Boys duerchsetzen. Bierchem steet no enger Victoire géint Péiteng nees un der Spëtzt.

Nach ass am Titelgrupp vum Lëtzebuerger Handballchampionnat keng Decisioun ëm den Titel gefall. Dëse Weekend gëtt de 7. vun am ganzen 10. Spilldeeg gespillt. E Freideg den Owend ware schonn zwou Partien. Bierchem hat Péiteng op Besuch an d'Red Boys hu géint den HB Esch gespillt.

AUDIO: Resumé Red Boys-Esch / Reportage Serge Olmo

Bierchem konnt sech wéi erwaart géint Péiteng behaapten. No 60 Minutte stoung et 36:19. An der éischter Hallschent hat Bierchem nach seng Problemer, fir sech vu Péiteng ofzesetzen. D'Gäscht hunn nämlech gutt dogéint gehalen an esou stoung et no 24 Minutten 10:10. D'Lokalekipp huet dunn eng Kéier kuerz opgedréint a konnt sech bis d'Paus ee Virsprong vu 4 Goler erausspillen, sou datt et 14:10 stoung. No der Paus hat Péiteng net méi vill entgéint ze setzen an esou stoung et no 42 Minutten 24:14. Bierchem huet säi Spill bis zum Schluss duerchgezunn, fir um Enn ganz kloer mat 36:19 géint Péiteng ze gewannen.

Bierchem iwwerhëlt duerch dës Victoire nees d'Féierung an der provisorescher Tabell. Si hunn elo ee Punkt Avance op Käerjeng, déi e Samschdeg de Mëtteg eréischt beim HBD gefuerdert sinn.

An der zweeter Partie war et méi enk. No enger dramatescher Schlussphas hat Esch bei de Red Boys dat bessert Enn fir sech a gewënnt mat 31:30. Vun Ufank u war d'Partie tëscht béiden Ekippe ganz ausgeglach an et stoung no 30 Minutten 30:30. D'Red Boys sinn du besser aus der Kabinn komm a konnte sech e liichte Virsprong erausspillen, sou datt si no 43 Minutte mat 24:20 a Féierung loungen. Den HB Esch huet e bësse gebraucht, fir dëse Réckstand nees gutt ze maachen, mä no 54 Minutte war et esouwäit an et stoung 27:27. De Schluss vum Match war du ganz enk. A leschter Sekonn ass dem Christian Bock nach den decisive Gol gelongen, sou dat Esch mat 31:30 zu Déifferdeng gewënnt.

Esch konnt duerch dës Victoire de Réckstand op Déifferdeng op 1 Punkt verkierzen, mä béid Veräiner hu mat 4 respektiv 3 Punkte Réckstand op Bierchem kaum nach Chancen op den Titel.