D'Gebridder Kaysen sinn di nächst Saison beim Bundesligaveräin an der Handballakademie. De 26.4. gi si bei engem Bundesligamatch offiziell presentéiert.

Wann et fir d'Kaysen Bridder sécher ass dann ass d'Decisioun fir den Diddelenger Joé Schuster nach net gefall. Déi Decisioun soll an der Woch vum 23. Abrëll falen.

Et ware nach ni esou vill jonk Lëtzebuerger an Handballakademien ugeholl wéi den Ament.

Um 11. Abrëll kruten den Eric Del Rosso (Standard) an den Charel Kirtz (Käerjeng) hiren "Ausbildungsvertrag" beim TBV Lemgo bestätegt a Präsenz vum Lemgoer Jugendkoordinator Christian Plesser (Plessi).

Dëse Kontrakt leeft  iwwert ee Joer mat der Méiglechkeet, fir e vu Joer zu Joer ze verlängeren. D'Jonge wunnen da vun Enn August un an enger WG vum Veräin a kommen an d'"10. Klasse" am Marianne-Weber-Gymnasium zu Lemgo, wou si sportlech wéi och schoulesch ganz serieux betreit ginn.

Den Eric del Rosso an de Charel Kirtz si voll motivéiert, fir hir sportlech Weiderentwécklung virunzedreiwen, a wat immens wichteg ass, och hiert Abitur zu Lemgo ofzeschléissen.