Arbittere wëlle keng Matcher méi vun de Red Boys päifen

© Val Wagner
Net nëmmen am internationale Futtball gëtt um Donneschdeg vill iwwer Arbittere geschwat, ma et rumouert ferm am Lëtzebuerger Handball.
D'Arbittere wëlle bis op Weideres keng Matcher méi vun de Red Boys Déifferdeng besetzen an och päifen.
Dëst huet d'Arbiteschkommissioun dem CA vun der Handballfederatioun an hire Veräiner an engem Bréif, deen RTL virläit, matgedeelt.
D'Arbittere fille sech zolidd getrëppelt, well de Manager vun de Red Boys Patrick Reder an engem Interview mam Tageblatt viru Kuerzem gesot huet, dass Profispiller u si erugetruede sinn an d'Fro gestallt hunn, ob a Lëtzebuerg Matcher manipuléiert ginn.
Vun der nächster Woch u géifen deemno keng Matcher vun de Red Boys méi besat ginn, ausser et géif eng ëffentlech Entschëllegung vun deenen Déifferdenger kommen, sou nach d'Refcom vun der FLH.