Bei den Hären wéi och bei den Dammen gouf um Samschdeg an der Titelgrupp wéi och an der Relegatioun gespillt. Diddeleng a Käerjeng wannen bei den Hären.

Hären

Am Topmatch vum Spilldag tëscht Bierchem an de Red Boys ass et an der éischter Halschent net esou enk hier gaangen wéi d'Spectateuren sech dat erwaart haten. Déi Déifferdenger hunn dem Match nämlech hire Stempel opgedréckt a sinn an den zweete 15 Minutten vun der éischter Halschent däitlech dovugezunn a louchen an der Paus mat 17:10 a Féierung.
Déi zweet Halschent ass dunn méi ausgeglach verlaf an déi Bierchemer hunn de Réckstand net méi grouss gi gelooss. Tëschenduerch konnt Bierchem bis op 3 Goler erukommen mee déi Déifferdenger konnten dono de Virsprong nees ausbauen.

Tëscht dem HB Esch an dem HB Diddeleng kruten d'Spectateuren dogéint e ganz spannende Match ze gesinn. Déi Escher konnte sech an der éischter Halschent e maximale Virsprong vu 5 Goler erausspillen mee déi Diddelenger hunn net locker gelooss an et ass mat engem 13:10 fir Esch an d'Paus gaangen. No der Paus hunn déi Diddelenger da weider opgeholl a waren no ronn 50 Minutten mat 20:19 a Féierung. D'Gäscht vun Diddeleng konnten dës Féierung dunn och weider ausbauen a gewannen mat 25:22.

RTL

© Serge Olmo

Am Match tëscht Péiteng a Käerjeng waren d'Gäscht vu Käerjeng natierlech de Favorit mee déi Péitenger hunn hinnen awer d'Liewe schwéier gemaach. An der Paus waren déi Péitenger suguer mat 14:13 a Féierung mee an der zweeter Halschent hunn d'Gäscht e Gang no uewe geschalt a konnte schlussendlech mat 27:23 gewannen.

Dammen

An der Titelgrupp bei den Dammen ka sech Diddeleng däitlech mat 36:24 géint de CHEV Dikrech duerchsetzen. Iwwerragend Actrice um Terrain war d'Fiona Carrara vun Diddeleng mat 13 Goler.