Handballchampionnat
D'Partie tëscht Péiteng a Käerjeng gëtt zu Rodange gespillt

De Match tëscht Péiteng a Käerjeng e Samschdeg den Owend um 20.30 Auer kann aus technesche Grënn net wéi geplangt zu Péiteng gespillt ginn.
An der Péitenger Hal gëtt et Problemer mam Tableau d'affichage. Aus deem Grond gëtt d'Partie tëscht Péiteng a Käerjeng an der Hal zu Rodange gespillt.
Um drëttleschten Dag vun der Saison ass et um Samschdeg dann och nach d’Spëtzepartie tëscht Bierchem an de Red Boys, déi Dir am Livestream op RTL.lu suivéiere kënnt. Den Ament läit Bierchem ganz knapp virun Diddeleng a Käerjeng. Esch spillt géint Diddeleng.
Och bei de Frae gëtt e Samschdeg den Owend an der Nationaldivisioun gespillt. Do sinn et Dikrech an Diddeleng, déi openeen treffen.
Am meeschte gelies