Am Handball goufen um Mëttwoch an engem Final4 déi zwou Halleffinalle vun der Coupe an der Coque ausgedroen.

Käerjeng - Bierchem 27:30

Och an der zweeter Halleffinall war et enk an der éischter Halschent an déi Käerjenger wollten déi Bierchemer net fortzéie loossen. No 15 Minutten stoung et 9:8 fir Bierchem an déi Käerjenger hu weider gekämpft. Kuerz virun der Paus haten déi Käerjenger awer eng schwéier Phase a Bierchem konnt sech mat 4 Goler ofsetzen. Mat engem 17:14 ass et dann an d'Paus gaangen. Käerjeng konnt an der éischter Halschent net eng kéier a Féierung goen.

An den éischten 10 Minutten no der Paus konnt Käerjeng dëse Réckstand awer nees ophuelen an et stoung 19:19. Elo war Käerjeng voll am Match an et war net ofzegesinn ween dëse Match géif gewannen. Mee 8 Minutten viru Schluss konnten déi Bierchemer mat 3 séiere Goler nees mat 26:23 a Féierung goen. An dëser Phase haten et déi Käerjenger mat der Briechstang probéiert an dat gouf net belount.

Diddeleng - Péiteng 23:25

Am éischte Match ass Diddeleng op Péiteng getraff. An do ass de Match zimlech ausgeglach lassgaangen, esou dat et no 20 Minutten 9:8 fir Péiteng stoung. An de Minutten dono huet Péiteng awer, aus enger stabiler Defense eraus, den Diddelenger d'Liewe schwéier gemaach. De Golkipp vu Péiteng konnt mat e puer gudde Paraden op sech opmierksam maachen an déi Péitenger konnte kuerz virun der Paus op 13:10 erhéijen. Mee mat 2 Goler a kuerzer Zäit konnt den HB Diddeleng nach virun der Paus op 12:13 verkierzen a mat deem Resultat ass et dunn an d'Paus gaangen.

An och an der zweeter Halschent sollt et net manner spannend bleiwen. Béid Golkipper konnte schéi Parade weisen a keng Ekipp huet déi aner dovun zéie gelooss an no 45 Minutten stoung et 18:18. 10 Minutte viru Schluss waren et dunn awer déi Péitenger déi sech nees Virsprong vun 2 Goler konnten erspillen. Mee kuerz dono war dëse Virsprong erëm fort an et stoung nees gläich an et ass weider enorm spannend bliwwen. Kuerz viru Schluss waren et erëm déi staark Péitenger déi sech mat 2 Goler konnten ofsetzen.

Schlussendlech packen déi Péitenger d'Sensatioun a stinn no enger 25:23-Victoire an der Finall vun der Coupe de Luxembourg.