Dikrech kritt et an der Finall mat Diddeleng ze dinn

© RTL Radio Lëtzebuerg / Serge Olmo
An den Halleffinalle vum Final4 huet Dikrech en Donneschdegowend géint Schëffleng gewonnen an den HBD huet Käerjeng geklappt.
En Donneschdeg den Owend huet Dikrech ouni gréisser Problemer géint Schëffleng mat 29:20 gewonnen a sech esou fir d'Finall an der Coupe de Luxembourg qualifizéiert.
An der Finall kritt Dikrech et e Sonndeg um 18 Auer mam HB Diddeleng ze dinn. Si hunn en Donneschdeg den Owend mat 30:26 géint Käerjeng gewonnen.
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammenhandball
Schëffleng - Dikrech 20:29
Dikrech ass en Donneschdeg den Owend senger Favoritteroll géint Schëffleng gerecht ginn. D'Damme vum Chev sinn dann och direkt besser an de Match gestart a konnte sech an den éischten 8 Minutten ee 6:0-Avantage erausspillen. No 9 Minutten a 26 Sekonnen ass de Schëfflengerinnen den éischte Gol gelongen, sou datt et deen Ament 1:6 stoung. Si hunn du besser an d'Partie fonnt a sou loung de Réckstand no 23 Minutten nëmmen nach bei 3 Goler an et stoung 8:11. Dikrech hat awer weiderhin de Match ënner Kontroll. Mat engem 14:11-Virsprong fir Dikrech ass et an d'Paus gaangen.
No der Paus konnt Schëffleng de Réckstand op 2 Goler verkierzen, méi no huet Dikrech de Géigner an der Coque awer net erukomme gelooss. De Chev huet duerno nämlech den Tempo erhéicht, konnt sech kloer ofsetzen, sou datt et no 43 Minutten 21:13 stoung. D'Ekipp aus dem Norden huet de Virsprong bis zum Schluss geréiert a wënnt um Enn mat 29:20 a steet e Sonndeg an der Finall vun der Coupe de Luxembourg.
HB Diddeleng - Käerjeng 30:26
Am Championnat waren dës Saison d'Matcher tëscht Diddeleng a Käerjeng ëmmer enk. En Donneschdeg den Owend war dat net de Fall, well Käerjeng war dem HBD kloer ënnerleeën.
Diddeleng loung vun Ufank un am Match a Féierung. No 15 Minutten stoung et schonn 8:3 a bis d'Paus ass dëse Virsprong op 5 Goler ugewuess an et stoung 14:9 fir den HBD.
Käerjeng ass keng Léisung géint dat gutt Spill vum HBD agefall. D'Diddelengerinnen hunn no der Paus de Match weider kontrolléiert a Käerjeng op Distanz gehalen. No 45 Minutte loung ee mat 8 Goler vir an et stoung 24:17. Um Enn gewënnt den HBD de Spëtzematch viru 600 Spectateure mat 30:26.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Serge Olmo