Bierchem wënnt an der Finall géint Péiteng
Bierchem huet sech an enger ganz spannender Finale um Enn mat 41:38 no Verlängerung géint Péiteng duerchgesat.
Bierchem hat ganz staark ugefaang a konnt sech direkt mat 6:2 ofsetzen. Péiteng hat awer schnell reagéiert a konnt de Match op 9:9 ausgläichen. Duerno konnt sech keng vu béiden Ekippen eng richteg Avance erausspillen. An der Paus loung Bierchem ganz liicht mat 17:16 a Féierung. Och no der Paus war de Match laang ausgeglach. D'Féierung huet méi ewéi eng Kéier gewiesselt. 2 Sekonnen virum Schluss konnt Péiteng duerch de Radek op 34:34 ausgläichen. Et sollt also an d'Verlängerung goen an och hei wollt keng vu béiden Ekippen sech geschloen ginn. Bierchem konnt sech lues a lues eng liicht Avance erausspillen a wënnt um Enn verdéngt mat 41:38.