Diddeleng léisst Dikrech keng Chance an hëlt d'Coupe mat heem

© RTL Radio Lëtzebuerg / Serge Olmo
E Sonndeg den Owend huet den HBD d'Finall vun der Coupe de Luxembourg géint Dikrech dominéiert an um Enn ganz kloer mat 35:22 gewonnen.
En Donneschdeg hat sech Diddeleng an der Halleffinall mat 30:26 géint Käerjeng behaapt a sech fir d'Finall qualifizéiert. Den HBD krut et e Sonndeg den Owend mam Chev Dikrech ze dinn, si hate sech mat 29:20 géint Schëffleng behaapt.
Déi éischt Minutte vun der Finall tëscht dem Chev Dikrech an dem HB Diddeleng war ganz ausgeglach an no 10 Minutte stoung et 5:5. Duerno ass et den Damme vum HBD gelongen, fir sech e Virsprong erauszespillen. Duerch ee 5:0 ass ee mat 10:5 dovunner gezunn. Dikrech ass et bis d'Paus net gegléckt de Réckstand opzehuelen. No 30 Minutte loung Diddeleng mat 13:9 a Féierung.
No der Paus war den HBD weider déi besser Ekipp an Dikrech konnt net wierklech dogéint halen. No 39 Minutte war de Virsprong op 8 Goler gewuess an et stoung 12:20. Am Spill vum Chev war de Wuerm dran, ze vill Feeler si geschitt an d'Spillerinnen hunn net méi richteg u sech gegleeft.
Diddeleng konnt sech ouni Problemer ëmmer weider vun Dikrech ofsetzen, sou datt een no 50 Minutte mat 31:18 a Féierung loung. Viru 560 Spectateuren hu si de Match souverän op en Enn gespillt, fir no 60 Minutte mat 35:22 ze gewannen an d'Coupe mat heem ze huelen.
Fir den HBD ass et de 14. Titel an der Coupe. D'Kim Thies war no der Victoire ganz houfreg op hir Ekipp.
LINK: D'Coupe de Luxembourg am Iwwerbléck
Coupe de Luxembourg bei den Häre war fir Bierchem
Bei den Hären huet e Samschdeg den Owend Bierchem d'Coupe mat heem geholl. No enger spannender Finall huet ee sech um Enn mat 41:38 no Verlängerung géint Péiteng duerchgesat.