Bierchem verpasst de Sprong un d'Tabellespëtzt
Am Handballchampionnat gouf e Samschdeg eng Partie vum 6. Spilldag nogeholl. Den HB Esch huet mat 35:29 géint Bierchem gewonnen.
Bierchem huet et e Samschdeg den Owend verpasst am Titelgrupp d'Spëtzt ze iwwerhuelen. No 60 Minutten hu si mat 29:35 géint den HB Esch verluer. An der Course ëm den Titel bleift et domadder ganz enk. Zwee Spilldeeg viru Schluss hunn nach dräi Formatiounen d'Chance de Championstitel ze gewannen. Diddeleng, Käerjeng a Bierchem. Diddeleng steet un der Spëtzt mat 21 Punkten, Käerjeng huet 20,5 Punkten a Bierchem huet 19,5 Punkten.
Fir den HB Esch sinn et e Samschdeg den Owend wichteg Punkten, si hunn duerch d'Victoire weider d'Chancen déi nächst Saison dach nach international ze spillen.
Béid Formatiounen hu sech eng enk Partie geliwwert. No 15 Minutte stoung et 10:10 gläich. An der 27. Minutt ass et Esch gelonge sech op 2 Goler ofzesetzen, ma Bierchem konnt virun der Paus nees verkierzen an et ass mat engem 16:15 fir d'Lokalekipp an d'Kabinne gaangen.
Esch ass no der Paus besser an d'Partie komm a konnt sech séier ee Virsprong vu 4 Goler erausspillen an esou stoung et no 34 Minutten 20:16. Bierchem ass dësem Réckstand duerno hannedru gelaf. De Coupegewënner ass an der 45. Minutt nach eng Kéier op 2 Goler erukomm, et stoung 24:22, ma Esch huet konzentréiert weider gespillt a keen Ausgläich zougelooss. An der 53. Minutt hat een de Virsprong nees op 5 Goler ausgebaut. No 60 Minutte gewënnt Esch mat 35:29 géint Bierchem.