Den Dany Scholten spillt déi nächste Saison net méi beim HB Esch. Dat ass scho méi laang bekannt. Elo huet den Handballspiller eng éischte Kéier reagéiert.

Dee leschte Weekend krut den Dany Scholten offiziell Äddi gesot. Et war de leschte Match fir dës Saison zu Lalleng an der Hal. 5 Joer huet den Nationalspiller fir déi Escher gespillt. Déi Zäit ass elo riwwer.

AUDIO: Dany Scholten net méi beim HB Esch / Reportage Rich Simon

Deen neien Trainer zu Esch, André Gulbicki, wëll net méi op d'Déngschter vum Dany Scholten zeréckgräifen.

Den Dany Scholten: Ech si frou, datt ech vu Säiten héieren hunn, datt ech déi Saach, déi lescht 5 Joer, net esou schlecht gemaach hunn. Natierlech mengt een ëmmer den Dany Scholten ass ee ganz haarde Spiller, mee ech mengen et sinn awer Gefiller mat dran. A 5 Joer dräi Titele mat där Ekipp gewonnen. Bon lo geet eng nei Ära un.  

Den André Gulbicki huet gesot, dass hien op der rietser Bande op den Tom Krier géif zielen an eben net op den Dany Scholten. Als Spiller ass esou eng Decisioun schwéier ze verdauen. Den Dany Scholten wëllt trotz Enttäuschung bis zum Schluss alles fir de Veräin ginn.

Den Dany Scholten: Ech mengen ech hunn direkt vum Veräin gesot, ech ginn 100 Prozent bis zum Schluss, well ech mengen, ech hunn ee Kontrakt hei ënnerschriwwen. Et war keng einfach Situatioun an a verschiddene Momenter ass et am Kapp net einfach gewiescht, mä ech mengen ech hätt och 3-4 Interviewe ginn, wou villäicht net esou flott gewiescht wären, mä ech hunn dat si gelooss. Villäicht sinn ech méi al ginn an och am Kapp e bësse méi staark ginn. Gutt wann den Trainer dat net wëll, dat ass am Sport esou, da muss een eppes anescht maachen. Dat ass seng Entscheedung a wat d'nächst Saison ass, dat muss hien da kucken. 

Wou den Dany Scholten déi nächste Saison spillt, ass nach net gewosst.