Championstitel nach net entscheet, Diddeleng a Bierchem spille gläich
E Samschdeg den Owend konnten d'Käerjenger Häre sech knapps géint Esch duerchsetzen. Diddeleng a Bierchem spille gläich an d'Red Boys wanne géint Péiteng.
D'Käerjenger Häre ginn als Leader an de leschte Match, de Championstitel ass nach absolut net entscheet, ma et kënnen nach e puer Ekippe Champion ginn.
Den nächste Weekend kënnt et zu zwou Finallen. Diddeleng huet d'Red Boys op Besuch a Bierchem spillt géint Käerjeng. D'Red Boys kënnen hei net méi Champion ginn. D'Decisioun ëm den Titel fält tëscht Diddeleng, Bierchem a Käerjeng, woubäi Käerjeng déi bescht Chancen huet, well si als Tabelleleader an déi lescht Partie vun der Saison ginn.
Well d'Situatioun ëm de Championstitel esou komplex ass, huet d'Handballfederatioun déi verschidden Zeenarioen duerchgerechent:
PDF: Wee kann a wéi engem Fall Handball-Champion ginn?
D'Käerjenger Damme konnt sech e Samschdeg géint Dikrech duerchsetzen, Diddeleng wënnt géint Schëffleng an de Museldall klappt de Standard.
Hären
HB Käerjeng - HB Esch 36:33
Béid Ekippe si mat ganz héijem Tempo an dës Partie gestart an hunn alles an d'Offensiv gestach, esou war et och net verwonnerlech, dass et no 9 Minutte schonns 7:7 stoung. Du konnte si den Tempo vum HB Esch awer net méi esou richteg matgoen, well déi waren net ze bremsen a konnten duerch een 9:3-Laf op 16 zu 10 dovulafen.
4 Goler um Stéck hunn de Käerjenger awer du gehollef, fir an der Partie ze bleiwen. Ma déi Escher konnten direkt nees zeréckschloen. Virun allem de Felix Werdel huet et de Käerjenger schwéier gedoen, hien hat zu dësem Zäitpunkt schonns 6 Goler op sengem Kont. Mee den de Martin Hummel konnt Käerjeng dunn no 25 Minutten esouguer a Féierung bréngen, dat och well de Chris Auger d'Käerjenger Këscht hanne propper gehalen huet mat flotte Paraden. An der Paus stoung et dunn 23:19 fir d'Haushäre.
Käerjeng hat an der Schlussphas vun der 1. Hallschent richteg Confiance getankt an dat huet si och an der zweeter Hallschent befligelt, do konnte si hir Avance nämlech weider an d'Luucht schrauwen.
Déi Escher hu sech awer nach net opginn a si koumen och nees bis op 1 Gol erun, mee an de richteg entscheedende Minutte konnt de Chris Auger seng Ekipp am Spill halen. Ma den Ausgläich duerch de Felix Werdel konnt den Auger dunn awer net verhënneren.
Esch konnt d'Féierung esouguer iwwerhuelen, mee déi Käerjenger wollten den Diddelenger den Titel net schenken a gewannen um Enn dann awer, dat mat op géint Esch.
HB Diddeleng - HC Bierchem 28:28
Diddeleng hat de kloer bessere Start an d'Partie erwëscht, si konnte sech an den éischten 9 Minutten eng Avance vun dräi Goler erausspillen, ma dunn ass Bierchem awer och erwëscht an no ronn 15 Minutte ware si bis op ee Gol erukomm, esou stoung et deen Ament nëmme méi 5:6 aus der Siicht vun de Bierchemer.
Dono konnt Bierchem, duerch ee Gol vum Loic Goemare, a Féierung goen, dat no ronn 20 Minutte beim Stand vun 8:7. An der Paus louch Diddeleng dunn awer nees mat engem Gol a Féierung, hei stoung et 12:11 fir den HBD.
An der zweeter Hallschent konnten déi dunn och nees de besser Start erwëschen a konnten hir Avance vergréisseren, mee weider hu béid Ekippe sech näischt geschenkt an et ass weider knapp bliwwen.
All Kéiers, wann déi Bierchemer méi no komm sinn, dann hunn déi Diddelenger direkt nees een, zwee Goler dropgesat, fir den Avantage nees ze vergréisseren.
Diddeleng konnt dunn awer d'Partie virentscheeden, den Tommy Wirtz huet zwee Goler geschoss, fir d'Avance vun den Diddelenger op 4 Goler auszebauen.
Um Enn konnt Bierchem esouguer ausgläichen, mee 20 Sekonne viru Schluss gouf et ee 7-Meter fir Diddeleng an dësen hu si erageschoss. Op där aner Säit konnt Bierchem awer a leschter Sekonn och nach markéieren an esou deele si um Enn 28:28.
Red Boys - HB Péiteng 38:22
D'Red Boys kruten dann e Samschdeg den Owend Besuch vu Péiteng. D'Haushäre konnte sech direkt eng komfortabel Avance erausspillen. Si hunn an der Offensiv gutt agéiert an hunn an der Defense net vill zougelooss.
Ronn 20 Minutte ware gespillt, wéi den Daniel Scheid schonns de 14. Gol vun de Red Boys markéiere konnt, deen Ament haten déi Péitenger nëmme 6 Goler op hirem Kont. An der Paus war et eng ganz souverän Féierung vun 9 Goler fir déi Déifferdenger.
An der zweeter Paus huet sech net vill geännert, d'Red Boys hu weider dominéiert an hire Virsprong däitlech ausgebaut, esou konnte si um Enn kloer a verdéngt gewannen, dat mat 38:22.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck
De Samschdeg de Moie war e Conseil d'Administration vun der Handball-Federatioun.
Eng Decisioun ass do geholl ginn am Kontext Coupe d'Europe.
Et ass festgehale ginn, datt am Fall, wou den HC Bierchem géif den Doublé fäerdegbréngen, de Coupefinalist Péiteng qualifizéiert wier, fir europäesch ze ginn an net de 4. am Championnat.
Bis haut ware vill Leit der Meenung, datt déi 4. Plaz am Championnat d'Qualifikatioun géif bedeite fir eng Coupe d'Europe.
Dammen
HC Standard - HB Museldall 24:26
De Standard hat ee Bommestart an dës Partie erwëscht. No 15 Minutte louche si mat 8:2 a Féierung, ma dunn hu si no an no d'Partie aus der Hand ginn an an der Paus hat een nëmme méi eng Avance vun engem Gol. No der Paus konnten d'Damme vun der Musel dunn och d'Féierung iwwerhuelen an esouguer liicht dovun zéien. No 40 Minutte stoung et nämlech 19 zu 15 fir d'Gäscht. De Standard konnt et nach eemol spannend maachen, mee um Enn verléier si awer mat 24 op 26 géint de Museldall.
HB Käerjeng - CHEV Dikrech 29:19
D'Käerjenger Dammen hu vun Ufank un d'Kontroll vun der Partie iwwerholl, mat engem 4:1-Laf konnte si sech och schonns eng kleng Avance erausspillen, mee dono ass de CHEV Dikrech du besser ginn a béid Ekippe waren op Aenhéicht. Dikrech konnt och bis op 1 Gol erukommen, dat beim Stand vun 9:8 aus Siicht vu Käerjeng. Déi hunn dunn awer nees besser gespillt, esou dass si zur Paus een Avantage vun 3 Goler haten, dat beim Stand vu 15:12.
D'Dikrecher Damme konnten zwar den éischte Gol vun der zweeter Hallschent schéissen, ma dono huet Käerjeng 6 Goler hannertenee markéiert, fir hir Avance op 8 Goler auszebauen an domat d'Virentscheedung ze erzwéngen. Dëse Virsprong sollte si och net méi hierginn an esou klappe si Dikrech dann awer mat 29:19 .
HB Diddeleng - HBC Schëffleng 35:19
D'Damme vun Diddeleng wollten e Samschdeg onbedéngt gewannen, fir weider eng Chance op déi éischte Plaz ze hunn. Dëst hu si och vun Ufank un ënner Beweis gestallt, well no ronn 12 Minutte stoung et schonns 10 zu 4 stoung. Dono konnten déi Schëfflenger Dammen e bësse besser mathalen, esou dass et an der Paus 15:9 fir d'Lokalekipp stoung. An der zweeter Hallschent ass et mat der Diddelenger Dominanz weidergaangen an esou wanne si um Enn kloer a verdéngt mat 35 op 19 géint Schëffleng.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck