De 17 Joer jonken Joe Schuster krut e Kontrakt zu Gummersbach

© Marc Schuster
De Week-end koum d’Confirmatioun datt den Diddelenger fir d'Handballakademie e Kontrakt vun 2 Joer krut mat enger Optioun fir ee weidert Joer.
A sengem jonken Alter spillt de Joe Schuster schonn 1. Equipe beim HB Diddeleng.
Nach ni waren am Lëtzebuerger Handball esouvill Jugendlecher um Sprong fir an d’Ausland.
Dobäi kënnt nach datt dat alles quasi zäitgläich ass.
2 jonk Lëtzebuerger an zwar den Eric Del Rosso (Standard) an den Charel Kirtz (Käerjeng) ginn an d’Handballschoul op Lemgo. Di zwee Bridder Luke a Loic Kaysen vu Bierchem maachen hir schoulesch an handballresch Ausbildung zu Gummersbach an di jonk Diddelenger Spillerin Emely Weis wëll Erfarungen sammelen an Handball spillen dëst zu Viborg an Dänemark.