Bei Bierchemer Doublé spillt Péiteng International

Et huet fir Opreegung gesuergt, datt de Finalist kéint International spillen, ma dat war déi Jore virdrun och de Fall, esou de President vun der FLH.
E Samschdeg war et am Lëtzebuerger Handball ee Moment e bëssen Opreegung ginn, wéi matgedeelt gouf, datt de Verwaltungsrot vun der Federatioun decidéiert hätt, datt am Fall vun engem Bierchemer Doublé net de 4. am Championnat, ma de Coupefinalist Péiteng europäesch géif spillen.
Am Fong war et éischter eng Kommunikatioun vun de Responsabele vun der Handballfederatioun, wei eng Decisioun, esou den FLH-President Dokter Romain Schockmel. Et gouf genau de selwechte Reglement applizéiert, wéi dat leschte Joer. Et war just dëst d'Kéier de Fall, datt de 6. vum Championat an der Finall stoung. Dat Ganzt géif ee just geännert, nodeem ee sech mat de Klipp ofgeschwat hätt.
De President vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun weist nach eng Kéier drop hin, datt näischt un den aktuelle Reglementer geännert gouf. D'Veräiner hunn den Text och kannt, well si deen d'lescht Joer geschéckt kruten. Dëst Joer huet een de selwechten Text verschéckt, ma just den Datum ugepasst. An all de Jore virdrun war nach ni de 6. aus dem Championat an enger Finall, ma et waren ëmmer déi 4 Éischt aus dem Championat an dowéinst ass dësen Deel vum Text och ni opgefall. Och aus deem Grond wollt een dëst Joer näischt änneren, well Péiteng zu deem Ament zu Recht gemeckert hätt, esou den President vun der Handballfederatioun.
Fir datt et an Zukunft keng Malentendue méi solle ginn, kënnt dat Ganzt elo op den Ordre du Jour vun der Reunioun vun de Presidenten, an duerno soll dat Ganzt dann och statutaresch festgehale ginn, esou den Dokter Romain Schockmel.