Virum leschte Spilldag komme mat Käerjeng, Diddeleng a Bierchem nach 3 Ekippen a Fro, fir Champion ze ginn.

Déi beschte Kaarten huet Käerjeng ...

AUDIO: Spannung am Handball: Reportage Jeff Kettenmeyer

... déi Käerjenger hunn aktuell en hallwen Punkt Avance op Diddeleng an der 2 op Bierchem.

Am Fall vun enger Käerjenger Victoire zu Bierchem gëtt et kee Wee laanscht d'Ekipp aus der Brauereistad.

Och bei den Dammen ass et richteg spannend, hei spillen e Sonndeg am direkten Duell Käerjeng an Diddeleng géinteneen, Käerjeng geet et Remis duer, den HBD muss wanne fir Champion ze ginn.

Op RTL.lu weise mir e Samschdeg um 20.15 Auer an enger Konferenzschaltung déi decisiv Matcher bei den Hären:

HB Dudelange - Red Boys
Berchem - HB Käerjeng