Käerjeng ass Champion!
No der Victoire vu Käerjeng géint Bierchem, séchere si sech de Championstitel. Diddeleng gëtt schlussendlech Zweeten.
Am Handball war an der Titelgrupp um leschte Spilldag Spannung puer ugesot. Mat Käerjeng, Diddeleng a Bierchem haten nach 3 Ekippen d'Méiglechkeet Champion ze ginn. Käerjeng wollt et awer net spannend maachen an huet de Bierchemer bei der 37:25-Victoire keng Chance gelooss a si sinn domat neie Champion, dat fir zweete Kéier an der Veräinsgeschicht.
Sou hat Diddeleng trotz hirer 38:31-Victoire keng Chance Champion ze ginn a muss sech mat der zweeter Plaz zefridde ginn.
Fir de Käerjenger Mikel Molitor war um Enn d'Engagement vum Trainer Dejan Gajic an dem Spiller Zoran Radojevic decisiv, fir den Titel um Enn kënnen ze gewannen.
Den Diddelenger Tommy Wirtz war no der Néierlag enttäuscht an huet mat de finanzielle Méiglechkeete vu Käerjeng gehadert. De Spiller vum Vize-Champion huet weider gesot, datt den HBD mat méi Häerz an och eng besser Saison gespillt huet, ma huet um Enn missen unerkennen, datt Käerjeng de bessere Playoff gespillt huet an um Enn verdéngt Champion ass.
Péiteng huet um leschte Spilldag nach mat 32:39 géint den HB Esch de Kierzere gezunn.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell am Iwwerbléck
HC Bierchem - HB Käerjeng 25:37
Käerjeng huet dëse Match vun Ufank un dominéiert an déi Bierchemer haten näischt, entgéint ze setzen. Déi Käerjenger wollten hei guer keng Spannung opkomme loossen a ware schonn no 5 Minutte mat 4:0 a Féierung. Och dono konnten d'Gäscht hir Féierung ëmmer weider ausbauen a waren an der Paus schonn mat 21:12 fortgezunn. Och no der Paus hunn déi Käerjenger Bierchem guer net méi erukomme gelooss a konnten de Virsprong souguer weider ausbauen. Um Enn gewënnt Käerjeng mat 37:25.

© Serge Olmo
HB Diddeleng - Red Boys Déifferdeng 38:31
Tëscht Diddeleng an de Red Boys ass et däitlech méi enk a spannend zur Saach gaangen. No enger véierel Stonn hat Diddeleng sech e Virsprong vun 3 Goler erausgespillt a konnt dësen och bis an d'Halschent halen (20:17). An och wa se schonn an der Halschent wossten, datt et näischt méi mam Championstitel gëtt, wollten déi Diddelenger mat enger gudder Leeschtung virun hire Spectateure Äddi soen a gewannen och mat 38:31.
HB Péiteng - HB Esch 32:39
Bei Péiteng géint Esch ass et ëm guer näischt méi gaangen a si hu just nach fir e gutt Resultat gespillt. An der Halschent waren déi Escher mat 18:17 a Féierung. No der Paus huet den HB Esch den Tempo awer däitlech ugezunn a gewënnt schlussendlech mat 39:32 zu Péiteng.