Käerjeng an Diddeleng deelen e Sonndeg 27:27 an domat ka Käerjeng sech de Championstitel sécheren.

Wéi scho bei den Häre ka sech och bei den Dammen d'Ekipp vu Käerjeng de Championstitel sécheren. Schëffleng verléiert knapps géint de Museldall an Dikrech behaapt sech mat 23:22 géint de Standard.

Schëffleng - Museldall 22:23

Schëffleng komplett ofgeschloen op der leschter Plaz krut et e Sonndeg mam geschloene Champion vu leschter Saison, dem Museldall ze dinn. D'Gäscht vun der Musel hunn an der Offensiv besser harmonéiert, ewéi déi Schëfflenger an esou konnte si sech zur Paus iwwert eng liicht Avance freeën.

De Champion vum leschte Joer huet an der zweeter Hallschent näischt méi ubrenne gelooss a konnt sech esou um Enn d'Victoire sécheren.

CHEV Dikrech - Standard 23:22

D'Ekipp vum Standard hat dee besser Start an d'Partie erwëscht a konnt séier mat 3:1 a Féierung goen. D'Dikrecher Damme wollte sech dat awer net gefale loossen an hunn no kuerzer Zäit reagéiert. Si hunn opgedréint a konnten duerch ee 5:0-Laf mat 6:3 a Féierung goen. D'Lokalekipp huet dono weider dominéiert a war an der Paus mat 15 op 10 am Avantage.

Och nom Säitewiessel waren d'Dikrecher Damme besser. D'Spillerinne vum Standard hu wuel probéiert, matzehalen, mee si konnten den Tempo vun der Lokalekipp e Sonndeg iwwer wäit Strecken net matgoen. Esou wënnt Dikrech um Enn mat 23:22 géint de Standard.

Käerjeng - HB Diddeleng 27:27

Et goung ëm de Championstitel, well de Gewënner vun dësem Match, ob Käerjeng oder Diddeleng, sollt Champion ginn. Deementspriechend stoung de Spectateuren eng spannend Partie bevir.

Béid Ekippen hu sech an den éischte Minutte vun dësem Match net an d'Kaarte kucke gelooss. Och konnt sech keen esou richteg ofsetzen, dat bis zum Stand vun 8:8, do konnt Diddeleng liicht dovunzéien. Virun allem d'Fiona Carrara huet bei de Käerjenger Damme fir Kappzerbrieches gesuergt.

Dunn huet de Käerjenger Trainer awer reagéiert an d'Niki Schilt op d'Bande gesat an dëse Changement sollt seng Friichten droen, well d'Käerjenger Spillerin konnt direkt zweemol markéieren, fir d'Partie nees auszegläichen.

Diddeleng war an der éischter Hallschent am Kollektiv einfach besser a goung mat enger knapper, ma verdéngter 14:13-Féierung an d'Paus.

Zum Ufank vun der zweeter Hallschent konnt Diddeleng d'Avance nees op dräi Goler ausbauen, mee dono si si an ee klengt Lach gefall, dat och well d'Fiona Carrara an d'Kim Wirtz allebéid zwou Minutte kruten. Esou konnten déi Käerjenger net nëmmen zeréckkommen, mee esouguer d'Féierung iwwerhuelen.

Dunn ass et awer Schlag op Schlag gaangen an d'Spectateuren hunn eng richteg flott Partie gesinn, wou et richteg enk war.

Ronn eng Véierelsstonn virun Enn ass Käerjeng dunn awer noléisseg ginn. D'Konzentratioun an d'Präzisioun war net ganz do an dat hunn déi Diddelenger äiskal ausgenotzt, fir einfach Goler ze schéissen an nees mat 2 Goler a Féierung ze goen. Ma och den Diddelenger Golkipp hat ee groussen Undeel un dëser Avance.

Beim Stand vun 23:24 gouf et ee flotten Arrêt vun der Damm am Käerjenger Gol, esou dass Käerjeng op 24:24 ausgläiche konnten.

Mat zwee 7-Meter konnt d'Simona Vintila Käerjeng dunn a Féierung bréngen, dat mat 27 op 26. Diddeleng konnt zwar nach eemol ausgläichen, mee de 27:27 ass hinnen net duergaangen an esou wënnt Käerjeng de Championstitel.