D'Emely Weis huet no engem Prouftraining beim Handball-Club VIBORG(DK) confirméiert kritt, datt si déi nächst Saison an der 2. Equipe spille kann.

Déi jonk Spillerin vum HBD wäert dann 4 mol d‘Woch zesumme mat den Dammen vun der 1. Equipe trainéieren. Déi 16 Joer jonk Nowuesspillerin géif domatter am staarken dänesche Championnat Erfarunge sammelen.