E Sonndeg gouf zu Köln d'Finall vun der Champions League am Handball gespillt. No 2003 huet Montpellier nees eng Kéier den Titel gewonnen.

De Weekend war zu Köln de Final Four vun der Champions League am Handball.

E Samschdeg hat sech Montpellier duerch eng knapp 28:27-Victoire géint den Titelverdeedeger Vardar Skopje fir d'Finall e Sonndeg qualifizéiert. Nantes hat duerch eng 32:28-Victoire géint Paris Saint-Germain den Ticket fir d'Endspill geléist.

An der Finall huet Montpellier um Sonndeg mat 32:27 (16:13) géint Nantes gewonnen. Beim Gewënner hu virun allem de Ludovic Fabregas an den Diego Simonet mat all Kéier 6 Goler iwwerzeegt, donieft huet och de franséische Kipper Vincent Gerard excellent gehalen.

No 2003 huet Montpellier fir d'zweete Kéier d'Champions League gewonnen. Bis ewell huet nach keen anere franséische Veräin den Titel an der Kinneksklass gewonnen.