Lëtzebuerger Nowuesstalenter um Sprong fir an d'Ausland
Den Trend vu jonke Lëtzebuerger, fir am Ausland sportlech aktiv ze ginn, kënnt och bei den Handballspiller op.
D'Lëtzebuerger Handballspiller, déi hir schoulesch a sportlech Ausbildung wärend fënnef Joer am Sportslycée gemaach hunn, sinn nämlech um Sprong fir an d'Ausland.
D'Weeër, déi déi Jugendlecher wäerten aschloen, gi vu Lemgo a Gummersbach bis an Dänemark. Et geet virun allem fir déi Jonk dorëm, fir am Ausland sportlech Erfarungen ze sammelen a fir spéider eventuell de Sprong an eng Handball-Profisekipp ze packen.
Ee Video-Reportage iwwer d'Liewe vun deene jonken Handballspiller vum Serge Olmo.
RTL-NEWS: Handball: 2 Lëtzebuerger kënnen a B-Jugend vum TBV Lemgo wiesselen
RTL-NEWS: Handball: De 17 Joer jonken Joe Schuster krut e Kontrakt zu Gummersbach
RTL-NEWS: Handball: D'Emely Weis kann déi aner Saison zu Viborg an Dänemark spillen
RTL-NEWS: Handball: De Luke an de Loïc Kaysen vu Bierchem ginn op Gummersbach