De Francesco Volpi ass zeréck zu Käerjeng

© pressphoto Archiv
No enger Saison an der Belsch bei HC Vise BM ass de Francesco Volpi nees zeréck zu Käerjeng.
De Francesco Volpi huet 32 Joer an ass 2,07 Meter grouss, hie spillt am lénke Réckraum. Hien huet déi italienesch Nationalitéit an ass nach aktuellen italieneschen Nationalspiller.
Viru senge 4 Joer zu Käerjeng tëscht 2013 an 2017 huet hie beim SSV Bozen (Loacker Südtirol Team), bei Bologna United (ITA) an ALPI Pallamano Prato (ITA) gespillt.
2017-2018 huet hie mat Visé am Challenge Cup gespillt an do an 3 Matcher 13 Goaler geschoss. Dunn ass hien am Lännermatch géint d'Ukrain um Fouss blesséiert ginn an domat war seng Saison gelaf.
De Francesco Volpi huet elo zu Käerjeng e Kontrakt fir 2 Joer.