Bei den Damme war Käerjeng déi stäerkst Ekipp an huet sech de Championstitel geséchert.

Am Beach-Handball huet sech um Samschdeg Rëmeleng de Championstitel bei den Häre geséchert. An der Finall huet ee sech mat 20:18 géint Déifferdeng behaapt an domadder den Titel verdeedegt.

Bei den Dammen huet Käerjeng an der Finall mat 13:12 géint den HC Standard gewonnen a sech fir d'éischte Kéier den Titel am Beach-Handball geséchert.