An engem Communiqué huet d'Red Boys matgedeelt, datt si an der Saison 2018/2019 net am Challenge Cup wäerten untrieden.

Déi genau Begrënnung wëll de Veräin op hirer Generalversammlung den 10. Juli public maachen.

Am Numm vum Handball Red Boys Déifferdeng wollt ech Iech matdeelen, dass de Comité a senger leschter Sitzung majoritär decidéiert huet, fir déi kommend Saison 2018-2019 keng Coupe d'Europe ze spillen.

D'Begrënnung fir dës Decisioun wäerte mer am Kader vun der Generalversammlung den 10. Juli 2018 am Detail bekannt ginn.

Mat sportleche Gréiss

Am Numm vum Comité

Marc Gatti

Sekretär