Vera Hoffmann gewënnt iwwer 800 Meter
Um Sonndeg war den zweeten Dag vum Championnat an der Liichtathletik. Charline Mathias gewënnt iwwer 400 Meter an d'Noémie Pleimling am Speerwerfen.
An der Course iwwer 100 Meter bei den Hären gewënnt de Paul Bidiane an enger Zäit vun 11,03 Sekonnen virum Lionel Evora Delgado (11,05) an Daniel Mbang Springer (11,06).
Bei den 100 Meter vun den Dammen ass et d'Anaïs Bauer wat sech mat enger Zäit vun 12,52 Sekonnen virum Sandrine Rossi (12,59) an Marie Damit (12,72) kann duerchsetzen.
An der nämmlechter Distanz iwwert d'Hürden gewënnt d'Lara Marx däitlech an enger Zäit vun 14,44 Sekonnen virum Elsa Blond (16,40 Sekonnen) an dem Anna Lensment (17,18).
Am Hummerwerfen bei den Dammen gewënnt d'Geraldine Davin mat enger Wäit vun 45,75 Meter. Zweeten gëtt d'Mireille Tonizzo mat 41,65 Meter virum Heike Mathias (27,47 Meter).
Am Hummerwerfen bei den Hären war et e bësse méi enk an do gewënnt de Gilles Lorang mat 46,18 Meter virum Ken Hoffmann mat 45,38 Meter. Drëtten gëtt de Steve Tonizzo mat 43,99 Meter.
Iwwer 800 Meter bei den Dammen war et keng spannend Etapp an et ass wéi erwart d'Vera Hoffmann wat sech an enger Zäit vun 2 Minutten, 8 Sekonnen an 91 Honnertstel konnt duerchsetzen. 8 Sekonnen an 97 Honnertstel hannendrun kënnt d'Yana Have op déi 2. Plaz an drëtte gëtt Margaux Bruls (2.18,95)
Am Speerwerfen bei den Dammen wënnt d'Noémie Pleimling mat 48,05 Meter. Zweeten gëtt d'Veronique Michel mat 40,73 Meter virum Laurence Jones (34,09 Meter).
Weider Resultater:
Heichsprong Hären:
1.Gaspar Charel 2.08
2.Liefgen Sven 2.05
400m Damen:
1. Charline Mathias 55.38
2.Arendt Fanny 56.74
3.Vera Hoffmann
Waitsprong Hären:
1. Damit Lex 6.85
2.Liefgen Nils 6.43
3 Cibango Bliss 6.37
1500m Hären:
1. Bestgen Christophe 4.14,11
2. Pütz Josh 4.17,15
3.Weicherding Gil 4.17,48
400m Hären:
1. Karger Vincent 49.10
2. Juncker Max 50.35
3. Warnier Eric 52.19