Aus familiäre Grënn huet den Trainer vun de Red Boys Déifferdeng, Danilo Brestovac, ganz iwwerraschend demissionéiert.

Dës Noriicht huet de Klub aus dem Süden ganz onvirbereet getraff well den Danilo Brestovac hat nach ee Joer Kontrakt an huet virun enger Woch nach aktiv un der neier Saison matgeschafft.