Käerjeng spillt géint Zeleznicar aus Serbien. Diddeleng trëtt géint IMEDI Telavi aus Georgien un a Bierchem géint eng Lettesch oder Israelesch Equipe.

Am EHF Cup bei den Hären kritt de Champion Handball Käerjeng et am éischten
Tour mat RK Zeleznicar 1949 aus Serbien ze dinn.
Den Aller Match ass a Serbien a gëtt gespillt um Weekend vum 1./2. September, de Retour Match zu Käerjeng gëtt de Weekend vum 8./9. September gespillt.
Am Fall vun enger Qualifikatioun géif den HB Käerjeng dann am nächsten Tour
géint Achilles Bocholt aus der Belsch spillen (6./7. an 13./14. Oktober).

Am EHF Cup bei den Dammen spillt den Handball Käerjeng am 1. Tour
géint déi wäissrussesch Equipe vun HC BNTU-BelAZ Minsk. Hei ass den
Aller-Match zu Minsk fir den 8./9. September virgesinn, an de Retour
Match zu Käerjeng de Weekend duerno (15./16. September).

Am Challenge Cup bei den Hären spillt den HB Diddeleng am 2. Tour
géint IMEDI Telavi aus Georgien. Den Aller-Match zu Diddeleng ass
virgesinn fir de Weekend vum 6./7. Oktober, de Retour Match a Georgien
ass da geplangt fir de Weekend vum 13./14. Oktober.
Am Fall vun enger Qualifikatioun waart dann d'Russesch Equipe vun HC Neva SPb op den HBD.

Den HC Berchem spillt am 3. Tour vum Challenge Cup géint de Gewënner vun Celtnieks Riga aus Lettland géint Holon Yuvalim HC aus Israel.
Den Aller-Match ass programméiert fir de Weekend vum 17./18. November, de Retour Match zu Krautem ass dann de Weekend duerno um 24./25. November.