Am Handball huet d'Red Boys Déifferdeng en neien Trainer fir déi nächst Saison fonnt. Et ass dat den Jérémy Roussel.

De 40 Joer ale Fransous, war als Spiller mat Chambéry Champion, a gouf 2012 als beschten Trainer vun der zweeter Divisioun am Hexagone gewielt.

Déi lescht 3 Joer war de Roussel och an där Divisioun zu Chartres op der Trainerbänk.