Bei den U18 European Championships muss sech Lëtzebuerg am drëtte Match mat 25:26 geschloe ginn.

D'Lëtzebuerger Ekipp huet e gudde Start an de Match erwëscht a konnt sech an der Ufanksphas e klenge Virsprong opbauen. Zum Schluss vun der éischter Hallschent konnten d'Schwäizer deen awer erëm ophuelen a sou ass et mat engem 12:10 Réckstand an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel war et weiderhin en ausgeglachene Match, ma no 60 Minutten war d'Schwäiz déi glécklech Ekipp, déi op ee Gol mat 26-25 gewanne konnt.

E Samschdeg hat Lëtzebuerg scho mat 25:31 géint Mazedonien de Kierzere gezunn. Am éischte Match géint d'Färöer Inselen konnt een awer eng 26:32 Victoire feieren. En Dënschdeg geet et um 13 Auer géint Estland.