Handball: 3. Victoire bei U18-EM
Lëtzebuerg wënnt mat 34:29 géint Litauen

No engem Dag Paus, ass et en Donneschdeg am leschte Gruppematch géint Litauen gutt ugaangen.
Dobäi si Werdel, Etute a Co. no 12 Minutte schonns mat 7:2 a Féierung gaangen. Zur Paus huet de Joé Schuster op 17:11 fir Lëtzebuerg gestallt. Och no der Paus konnte sech d'Männer vum Adrian Stot behaapten a louchen no 45 Minutte mat 28:22 a Féierung. Beim 30:27 no 55 Minutten ass et nach eng Kéier spannend ginn, mä Rastoder, Mitrea a Schuster suerge mat hire Goaler fir d'34-29-Schlussresultat.
Domat spillen d'Rout Léiwen elo ëm d'Plaze 4 bis 8.
Am meeschte gelies