D'Lëtzebuerger Ekipp huet eng turbulent Gruppephas hannert sech, wou d'Géigner net nëmmen déi aner Ekippe ware, ma och e Bus-Brand an eng Gripp.

Nodeems den éischten Dag de Bus vun der Ekipp gebrannt huet, an déi Deeg drop zwee Spiller vun enger Gripp getraff gi sinn, hat een e schwéiere Start an d'U18 EHF Championships. Trotzdeem huet een dat de Spiller net ugemierkt a sou konnt een an enger net grad einfacher Grupp dräi verdéngte Victoirë feieren. Eng Defaite déi wéigedoen huet war déi géint d'Schwäiz, wou een sech knapps mat 25:26 geschloe misst ginn.

An de Matcher ëm d'Plaze 5-8 gëllt et elo dat Bescht aus der Ekipp erauszehuele fir sech sou vir wéi méiglech ze placéieren.

E Samschdeg um 13 Auer geet et géint Finnland.

Weider Informatiounen zu de Matcher ginn et op www.2018tbilisi.com