Beim leschte Match vun den EHF Championships a Georgien hunn d'Lëtzebuerger U18 eng Néierlag missen hinhuelen.

Um Enn gouf et eng Defaite op 7 Punkten an dat war méi wéi onglécklech. Et waren nämlech déi jonk Rout Léiwen, déi no 19 Minutte Spillzäit nach mat 8:7 geféiert haten. Duerno haten si et awer géint ëmmer méi staark Spiller vun de Färöer Insele schwéier an hu misse mam Score vun 11:16 an d'Paus goen.

No der Paus haten d'Lëtzebuerger U18 nach eng Kéier alles probéiert, konnten eng sëlleche Chancen awer net notzen a waren an der Defense net staark genuch. Kuerz virum Enn vum Match haten d'Jonge vun de Färöer Inselen 10 Punkte Virsprong.

Um Enn hunn d'Rout Léiwe sech missen mam Schlussresultat vun 28:35 geschloe ginn. Mat dësem Score lant d'Lëtzebuerger U18 op der 6. Plaz vun am Ganzen 11 Ekippen.