Den 1. September spillt d'Härenekipp vum Handball Käerjeng an der 1. Qualifikatiounsronn vum EHF Cup auswäerts géint RK Zeleznicar 1949 Nis.

Den Allersmatch tëscht RK Zeleznicar 1949 Nis a Käerjeng gëtt den 1. September um 18.30 Auer zu Nis a Serbien gespillt. De Retourmatch ass dann den 9. September um 18 Auer um Dribbel zu Käerjeng.

Eng Woch méi spéit ass dann d'Dammenekipp vu Käerjeng gefuerdert. Si kréien et mat BNTU-BelAZ Minsk Reg aus Wäissrussland ze dinn. Den Aller- an de Retourmatch gëtt um Dribbel gespillt an zwar de 15. September um 18 Auer respektiv de 16. September um 17 Auer.