D'Diddelenger Damme setzen sech mat 24:22 géint Käerjeng duerch. Bei den Hären huet Bierchem mat 36:35 géint Käerjeng gewonnen.

Um Samschden ass an der Uewerkuerer Sportshal ëm d'Handball-Titelen am Supercup gespillt ginn. Bei den Dammen hunn déi Diddelenger géint de Champion vu Käerjeng missen untrieden. Am Verlaf vun der éischter Halbzeit huet sech déi Diddelenger Nationalspillerin Kim Thies blesséiert an an der Paus stoung et dunn 12:10 fir Diddeleng. De Coupe Gewënner konnt sech an enger spannender Partie um Enn mat 24:22 géint Käerjeng duerchsetzen.

Bei den Hären krut Käerjeng et mat Bierchem ze dinn. Bis d'Paus louch de Champion Käerjeng mat 17:15 vir. Um Enn war et dann awer de Coupegewënner vu Bierchem dee sech an engem ganz spannende Match mat 36:35 konnt duerchsetzen.

No dësen Supercoupematcher war de Season Opening. Et ass een do gewuer ginn datt de Diddelenger Nationalspiller Tommy Wirtz als beschten Spiller vun der leschter Saison gewielt gouf. Bei den Dammen ass d'Fiona Carrara, och vum HB Diddeleng, als MVP gewielt ginn.

Beschten Trainer vun der leschter Saison ass den Dejan Gajic deen esouwuel d'Dammen wéi d'Hären vu Käerjeng trainéiert huet. Di zwou Equippen hu jo och de Championtitel gewonnen.

D'Aachtelsfinallen vun der Coupe bei den Hären goufe gezunn an et spillen:
Museldall-Diddeleng
Rëmëleng-Miersch
Schëffleng-Esch
Red Boys Déifferdeng-CHEV Dikrech
Standard-Péiteng
Bierchem, Käerjeng a Réiden hunn e Fräilouss.

Am éischten Tour vun der Dammecoupe si gezu ginn:
Esch-Réiden
Miersch-Dikrech
Beetebuerg-Red Bed Boys
Di aner Equippen mussen eréicht beim nächsten Tour untrieden.

Nom Tirage vun der Coupe goufen d'Equippen presentéiert.

RTL

© Serge Olmo (RTL Radio)