Am EHF-Cup war e Samschdeg Käerjeng an der 1. Ronn gefuerdert. No enger spannender Schlussphas verléiert ee knapp mat 27:30 a Serbien.

Käerjeng huet e Samschdeg am Allersmatch vun der 1. Ronn am EHF-Cup beim RK Zeleznicar gekämpft, no 60 Minutten huet ee sech awer knapp mat 27:30 misse geschloe ginn. De Retourmatch tëscht Käerjeng an Zeleznicar ass den nächste Weekend zu Lëtzebuerg.

Nodeems de Rahim déi Käerjenger no 39 Sekonne mat 1:0 a Féierung geworf hat, huet de serbesche Coupe-Gewënner d'Spill an d'Hand geholl an ass a Féierung gaangen. No 10 Minutte loung d'Lokalekipp mat 7:4 a Féierung. Bis déi 15. Minutt ass de Virsprong op 9:4 geklommen. Käerjeng ass et net gegléckt fir de Réckstand ze verkierzen, sou datt dëse bis d'Paus op 7 Goler ugewuess ass an de Veräin aus dem Grand-Duché mat 12:19 hanne loung.

Käerjeng huet sech awer nach net opginn a sou ass et hinne gelongen de Réckstand lues awer sécher no der Paus ze verkierzen. No 40 Minutte stoung et 17:20 aus Siicht vu Käerjeng. No 43 Minutte war ee bis op ee Gol erukomm, ma d'Serben hunn net zougelooss, datt den HB Käerjeng sollt ausgläichen.

Bis zum Schluss ass et enk bliwwen an de Lëtzebuerger Champion loung ëmmer 2 bis 3 Goler hannen. No 60 Minutten huet Käerjeng mat 27:30 géint Zeleznicar verluer. Duerch dëst Resultat huet een d'Chance den nächste Weekend am Retourmatch, et nach an den zweeten Tour ze packen.