E Sonndeg den Owend um 18 Auer ass Käerjeng am Retourmatch vum EHF-Cup géint Zeleznicar gefuerdert.

Iwwernächste Weekend ass den Optakt vum nationalen Handballchampionnat. De Champion Käerjeng ass awer elo schonn am Asaz a spillt den éischten Tour am EHF-Cup.

AUDIO: Virschau EHF-Cup Käerjeng / Reportage Gilles Tricca

D'Chance, eng Ronn weider ze kommen, ass reell. Am Aller-Match huet de Lëtzebuerger Champion nämlech just mat 3 Goler Ecart a Serbien verluer. Nis war an der Paus 7 Goler vir, mee Schroeder a Co hunn eng excellent Reaktioun nom Säitewiessel gewisen.

Den Trainer vun Nis, Veselin Vujovic, dee sech jo op der WM am Januar mat der Slowenescher Nationalekipp komplett donieft beholl hat, wéi hie sech aus Protest an de Gol gestallt hat, konnt sech am éischte Match op säi Butteur Spasic verloossen. Hien hat 9 Mol getraff. D'Gefor lauert awer iwwerall an esou mussen déi Käerjenger e Sonndeg gutt oppassen.

Nom Depart vum Tom Meis huet Käerjeng sech fir dës Saison am Réckraum mat Volpi an Rahim verstäerkt. Dobäi kënnt och nach den Nationalspiller Pierre Veidig. Allen 3 hu sech gutt integréiert a sollen e Plus bréngen.

E Sonndeg muss alles passen, fir sech ze qualifizéieren. Um Terrain mee och donieft an dofir mécht den Eric Schroeder och e waarmen Appell un d'Handball-Supporter, den HB Käerjeng e Sonndeg an d'Hal ufeieren ze kommen.

Ugepaff gëtt d'Partie e Sonndeg um 18 Auer um Käerjenger Dribbel.

Vum Veräin ass et an deem Kader nach d'Informatioun, datt wéinst dem Jugend-Cup vun der UN Käerjeng de Parking um Dribbel zou ass an d'Leit de Parking op Acker, de Parking Cactus oder de Parking du Centre solle benotzen.

De Retourmatch tëscht dem HB Käerjeng an Zeleznicar gëtt e Sonndeg um 18 Auer och am Livestream op RTL.lu
iwwerdroen.