No der 27:30-Defaite am Allersmatch wënnt Käerjeng de Retourmatch mat 32:26 géint Zeleznicar a steet domadder an der zweeter Ronn.

Um Sonndeg war et am EHF-Cup de Retour- Match tëscht dem HB Käerjeng an de Serben aus Zeleznicar. Am Allersmatch haten déi Käerjenger nach mat 27:30 verluer.

AUDIO: Victoire am EHF Cup fir Käerjeng/Reportage Christophe Jost

Direkt nom Ustouss waren et d'Serben aus Zeleznicar, déi mat 2:0 a Féierung louchen.

Duerno waren et awer d'Lëtzebuerger, déi  besser an de Match fonnt hunn, a sou stoung et no 17 gespillte Minutten 11:8 fir den HB Käerjeng, an domat war den Allersmatch, deen op 3 Goler verluer gouf, erëm ausgeglach. D'Supporter hu gespuert, dass eppes fir d'Lëtzebuerger dran ass an hunn all Gol vun de Käerjenger gefeiert.

RTL

© Screenshot

No gutt 20 Minutten sinn d'Serben erëm zréck komm an hunn et fäerdeg bruecht, 3 Goler um Stéck ze maachen an erëm op 12:12 auszegläichen.

An der Paus war et ausgeglach mat 16:16.

No der Paus kommen déi Käerjenger gutt an d'Spill zréck a louchen no 35. Minutten erëm mat 3 Goler mat 20:17 fir. An engem nervöse Spill, wou béid Ekippen zäitweis ongenau gespillt hunn a grouss Chancë leie gelooss hunn, kruten et déi Käerjenger an der zweeter Halschent hin, d'Spill ëmmer méi op hier Säit ze zéien an louchen no 48 Minutten op 6 punkten mat 27:21 a Féierung an hunn un d'Iwwerraschung gegleeft. Virun allem déi gutt defensiv Aarbecht vu Käerjeng huet Zeleznicar ëmmer erëm zu Feeler gezwongen, déi och zu Zäitstrofen a roude Kaarten fir d'Serben gefouert hunn.

Dës Féierung hunn d'Hären aus dem Grand-Duché sech net méi huele gelooss an hu sech um Enn mat 32:26 duerchgesat an hunn domat den 3-Punkte-Réckstand aus dem Allersmatch gutt gemaach a sech fir déi zweete Ronn am EHF-Cup qualifizéiert.

An der nächster Ronn trëfft den HB Käerjeng op Bocholt aus der Belsch.

HB Käerjeng no Exploit géint Zeleznicar an der zweeter Ronn
No der 27:30-Defaite am Allersmatch wënnt Käerjeng de Retourmatch mat 32:26 géint Zeleznicar a steet domadder an der zweeter Ronn.