Um Mëttwoch hu mir am 1. Deel vun der Handball-Virschau d'Veräiner vun Esch, Péiteng, Schëffleng an Dikrech ënnert d’Lupp geholl.

AUDIO: Handball-Virschau Deel 1 / Reportage Gilles Tricca

D'Ambitioune sinn emol beim 5. vun der leschter Saison dem Handball Esch ganz kloer . Et soll nees e bessert Klassement erauskommen an deemno och eng Participatioun bei der Coupe d’Europe. Den neien Trainer André Gulbicki soll déi Escher nees an d’Spur vum Erfolleg bréngen. Um Transfertmaart sinn déi Escher roueg bliwwen an hunn de Kreesleefer Barzow rekrutéiert, fir de Marzardori z'ersetzen. Wann déi Escher hir vill Blesséierter vu leschter Saison nees op d'Bee kréien, da kënnt och nees den Erfolleg zeréck. D'Stëmmung an der Ekipp ass dann och gutt, de Spaass um Training ass do an och d'Zesummenaarbecht mam neien Trainer klappt gutt, esou den Tom Krier e puer Deeg virum Optakt vun der neier Saison.
Zu Péiteng misst um Enn vun der neier Saison op d'mannst nees eng Kéier déi 6. Platz dra sinn. D’lescht Saison war scho relativ exzeptionell a Péiteng stoung kuerz virum Gewënn vun der Coupe de Luxembourg. Dëst Joer kéint awer nees méi komplizéiert ginn an dat well wichteg Spiller wéi Weibel, Horak oder och nach Zuzo net méi disponibel sinn.

Fir Schëffleng an Dikrech, déi et jo déi lescht Saison net an de Play-Off gepackt haten, wäert et och nees eng méi schwéier Saison ginn. Schëffleng huet iwwert de Summer zwee vu senge wichtege Leit verluer, mee et goufen awer 3 hongereg jonk Spiller rekrutéiert. Dat stëmmt den Trainer Martial Veidig awer positiv, fir hiert Zil z'erreechen et an de Play-off ze packen.

Beim Chev Dikrech soll eng nei Ära ugoen. Mam Frank Link hunn déi Dikrecher en neie President a mam Adam Szulc en neien Trainer. Béid si sech dann och eens, datt et eng schwéier Saison gëtt. Laangfristeg gekuckt soll den nërdlechsten Handball-Veräin awer nees mat deene Beschten am Land mathale kënnen. A vun elo aus u soll dofir emol d'Basis geluecht ginn.

E Freideg am Mëttesjournal um Radio héiert Dir den 2. Deel vun der Handball-Virschau.